Schoul Bartreng

Wëllkomm um Site vun der Bartrenger Grondschoul.
Eis Ekipp huet sech als Missioun ginn, e Léierëmfeld ze erméigleche wou all Kand sech esou gutt ewéi méiglech entwéckele kann. Hei fannt dir Neiegkeeten an Informatioune ronderëm eis Schoul.

kids-ecole-primaire-bw
ico-folder

Dokumenter

Offiziell Dokumenter fir erofzelueden

ico-destination

Adress & Horairen

Eis Gebaier a Schoulzäiten

ico-dokumentieren

Schoulcharta

Eis Wäerter

Aktualitéiten

Virliesconcours 2026

Am Zyklus 4 hunn all d’Kanner an hire Klassen intensiv d’Virliesen geüübt fir kënnen um nationale Virliesconcours deelzehuelen. Aus all Klass gouf dunn e Klassengewënner oder Gewënnerinnen nominéiert. Dës hu sech e Freideg an der Arca virun der ganzer Schoul presentéiert a mat flotten Texter op Däitsch, Franséisch a Lëtzebuergesch begeeschtert. Eng Jury aus Kanner…

Zesumme staark um Äis

D’Schülerinnen a Schüler haten sech en Ausfluch an d´Kockelscheier gewënscht, fir dat éischt Trimester mat enger gemeinsamer Aktivitéit ofzeschléissen. Um Äis hunn si d’Zäit genotzt, fir Schlittschong ze fueren, ze üben an sech géigesäiteg ze hëllefen. Et gouf vill gelaacht, ugeféiert an ugespornt, eng richteg flott Atmosphär. Zum Ofschloss hunn sech all bei enger waarmer Schockela…

After School Schocki