Kanner hëllefe Kanner – Eng Talentshow mat Häerz

Ënnert dem Motto „Kanner hëllefe Kanner“ huelen d’Schülerinnen a Schüler vum Zyklus 4 d’Saach selwer an d’Hand: Si organiséieren eng Talentshow, wou si hir Kreativitéit, hiert Kënnen an hiren Engagement weisen. Ob Gesang, Danz, Akrobatik, Zauberei oder Comedy – op der Bün ass alles erlaabt, wat de Public begeeschtert! Mee dës Show ass méi wéi just Entertainment. D’jonk Organisateure verfollegen e…

Weider liesen

Eltereforum goes outside

Den Eltereforum Bertrange invitéiert all Elteren a Kanner häerzlech op seng gratis Outdoor-Aktivitéiten. Kommt laanscht a verbréngt eng flott Zäit zesummen an der Natur!      

Weider liesen

 D‘Schoulhiewamm op Besuch 

Firwat sinn d’Jongen- a Meedercherskierper anescht? Wou komme Beebee‘en hier? Dat  sinn typesch Froen, déi d‘Kanner am Alldag beschäftegen. Lescht Woch hat den C2.2 d‘Geleeënheet, op dës Froen eng verständlech Äntwert ze kréien. D‘Schoulhiewamm war op Besuch an hat eng spannend Stonn fir d‘Kanner matbruecht! Mat vill Häerz an Erfarung huet si de Kanner de Kierper…

Weider liesen

D‘Grouss Botz: Kanner am Asaz fir eng propper Ëmwelt

E Freide war et erëm esou wäit: D‘Schülerinnen a Schüler hunn sech mat giele Vesten a grousse Poschen equipéiert a sinn ausgeschwäermt, fir d‘Ëmgéigend vun der Schoul ze botzen. Mat vill Äifer an Teamgeescht hu si sech an d‘Aarbecht gestierzt an eng Partie Knascht gesammelt. D‘Kanner gouffen a verschidde Gruppen agedeelt: Déi eng hunn de…

Weider liesen

Blann sinn – an trotzdem gesinn?

Wéi fillt et sech un, wann ee mat Blannestéck duerch d’Schoulgebai geet? Wéi kann ech eng blann Persoun am Alldag ënnerstëtzen? A wéi funktionéiert eigentlech d’Brailleschrëft? Mat dëse Froen hu sech d’Schülerinnen a Schüler aus dem Zyklus 3 an der leschter Woch auserneegesat. D’Associatioun A.M.V.A. (Association pour Malvoyants et aveugles) huet spannend Workshops an eise…

Weider liesen

Fréjoersmaart – Save the date

Weider liesen

Fuesparty

Freides mëttes hu mir zesummen eng flott Fuesparty gefeiert. D’Kanner hate vill Spaass mat de verschiddene Spiller, déi mir zesumme gemaach hunn. Natierlech gouf och vill gedanzt, an eng laang Polonaise duerch de Raum dierft och net feelen! Fir déi, déi Loscht haten, gouf et souguer e klenge Concours: Wien huet dee schéinste Kostüm? D’Kanner hunn…

Weider liesen