De Bangert a voller Bléi

D’Luucht gëtt méi hell, d’Villercher sangen nees a wann s Dir erausgidd kënnt dir eise Bongert a voller Bléi bestaunen.

All Joer ginn hei am Bongert mat vill Léift an Äifer nei Uebstbeem geplanzt – an dat vun de Kanner aus dem Cycle 3. Si léieren dobäi net nëmmen, wéi aus engem klenge Bam e staarkt Stéck Natur gëtt, mee si droen och hiert klengt Stéck Verantwortung fir eise gemeinsame Raum. Also  Aen op beim Spadséiere! Et ka gutt sinn, dass Dir net nëmmen en Bam a voller Bléi fannt, mee och e Kand wat sech freet, well et säi Bam erëmkennt.

Katégorie: ,