Déi Kleng entdecken d’Liewen um Bauerenhaff
Eise Cycle 1 hat eng spannend Entdeckungstour: Et goung op de Bauerenhaff! D’Kanner dierfte Källefcher a ville verschiddene Faarwe gesinn – a souguer mat Fudder verwinnen. Mat groussen Aen hunn si gelauschtert a gekuckt, wéi esou en Déiereliewen ausgesäit.
Si hu gestaunt, wéi héich esou e grousse Ballen Hee wierklech ass – an e bësse Muskelkraaft gebraucht, fir drop ze klammen! De Bauer huet erkläert, wéi säin Alldag ausgesäit, wat fir Aarbecht all Dag um Haff ufält a wéi wichteg d’Zesummespill mat den Déiere fir d’Liewen um Land ass.
Et war e flotten Ausfluch voller Erliefnesser, deen d’Kanner nach laang a gudder Erënnerung halen.
Katégorie: Cycle 1, Ganz Schoul