Geschichten, déi verbannen
D’Schüler aus zwou Klasse vum C4.2 hunn deene méi jonke Schüler aus dem C2 eng besonnesch Liesstonn geschenkt. Si hunn hinne Billerbicher virgelies – awer net einfach sou!Iwwer e puer Wochen hunn d’Schüler vum C4.2 a Workshops geléiert, wéi een eng Geschicht op eng spannend an interaktiv Manéier virliese kann. Mat verschiddenen Techniken a Methoden hunn si ausprobéiert, wéi si d’Opmierksamkeet vun de klenge Schüler hale kënnen a wéi si d’Geschichten zum Liewe bréngen.Déi jonk Nolauschterer ware begeeschtert an hunn d’Momenter mat den eelere Schüler wierklech genoss. Et war eng flott an inspiréierend Erfarung fir jiddereen, déi gewisen huet, wéi vill Freed d’Liesen a Geschichten erzielen an enger Schoulgemeinschaft ka bréngen.
Katégorie: Cycle 4, Ganz Schoul