Miniredaktioun on air
Mir Kanner aus dem Cycle 3.2 hunn an de leschte Wochen un engem Reportage iwwert den Absolut Bertrange geschafft. Nieft Interviewe mat den Organisateuren a Musiker hu mer eis och de Radiosender ARA ugekuckt an eng Liveshow materlieft. No eise Recherchë sinn nieft enger Radiosemissioun och e Reportage fir d´Kannerzeitung Piwitsch entstan. De ganze Reportage…
Weider liesenGrouss Botz
De Cycle 2 an 3 organiséieren am Kader vun der « grousser Botz » zu Bartreng eegen Initiativen. De Cycle 2 huet ronderem d’Schoul gebotzt, vum Cycle 3 botzt no der Ouschtervakanz all Woch eng aner Klass den Haff. Esou ginn d’Kanner sensibiliséiert Dreck net um Buedem léien ze loossen an op hir Saachen (Broutkëschten, Jacketten, asw.)…
Weider liesenSchoulcharta aktiv liewen
Fir eis Schoulcharta hunn d’Kanner Plakater gemaach. Am Ufank vum Joer hunn si all d’Charta ënnerschriwwen a maache reegelméisseg Aktivitéiten zu de verschiddenen Themen, fir dës och aktiv ze liewen. D’Charta fannt dir hei um Site ënnert « Informatiounen ».
Weider liesenDon fir « Action pour un Monde Uni »
De Beiestack huet Sue gesammelt am Kader vun engem Chrëschtmaart. Vir de Chrëschtmaart si Saache gebastelt gi vun de Schüler an et ass Kuch a Gedrénks verkaaft ginn. D’Suen (3674€) sinn un d’ONG « Action pour un Monde Uni » gaangen.
Weider liesenMerci!
Léif Elteren, Mir soen iech villmools Merci fir är Ënnerstëtzung um Chrëschtmaart. Mat ärer Hëllef konnte mir en Don vun 3674,53 € un « Action pour un Monde Uni – Instituto Mundo Libre » maachen. Villmools Merci! D’Léierpersonal aus dem Beiestack
Weider liesenChrëschtmaart am Beiestack
D’Chrëschtzäit fänkt un a mir invitéieren Iech häerzlech op eise Schoul-Chrëschtmaart am Beiestack, de Mëttwoch, den 29.11. vu 17h00 un. Kommt fir eng festlech Zäit mat Stänn vun eise Schüler.
Weider liesenSchoulgaart am Cycle 2
Eise Schoulgaart ass eng besonnesch Plaz fir ze léieren. All Freiden am Hierscht an am Fréijoer kënnt de Guy vum Sicona bei eis an de Gaart fir mat de Kanner ze schaffen. Esou léieren si de Prozess vum Séine bis zur Recolte kënnen. Si versti Prozesser vun der Natur, wat ee kann zu Lëtzebuerg planzen…
Weider liesenRentrée de 15.September 2023
Mir freeën eis, Iech Freides de 15.September erëm erholl a monter ze gesinn, an zesummen e spannend neit Schouljoer ze erliewen. Mir wënschen Iech all e gudde Start!
Weider liesenSchoulvakanz de 15.Juli 2023
Samschdes, de 15.Juli fänkt d’Summervakanz un. Eng Zäit fir sech opzelueden a mat Famill a Frënn ze genéissen. Mer wënschen iech all ee schéine Summer a vill Spaass an der Vakanz! De Kanner vum Cycle 4.2. wënsche mir eng gutt Zäit a vill Erfolleg am Lycée.
Weider liesen